Salama Alleguer
Als alleréischt
wëll ech eppes richtigstellen. Am lëschte Rapport hat ech gesot, dass zu
Antsirabe 500 pousse-pousse registréiert senn. Dat ass falsch-ech hat eng Null
vergeess an et senn der 5000 .
Ech hat mer jo
viergeholl, fir all Woche ee Rapport ze schreiwen, a weess, dass ech fäerem hannendran
hippen. Hu festgestallt, dass ech ganz vill Aarbicht, wéinig Fräizäit an duefir
och nit sou vill Zäit fir ze schreiwen hunn.
Déi läscht Wochen,
war ech a ville Schoulen, op Versammlungen an hat natierlich och genuch administrativ
Gedeessems. Ech hu vill Leit kennegeléiert, mat deenen ech iwwer meng
Ideeë schwätze konnt. Dann hunn ech mat Begeeschterung ee
superflotten an interessante Projet gemeet. Ech hunn ee Video gedréint, deen zu
Rammerich (Kietschter Schoul ass an dëser Gemeng) zum Thema EDI Madagaskar op
engem Owend gewise gouf. Mat vun der Parti war den Här Favaro ee Stärekach vun
Esch.
Well d’Weeder nit
matgespillt , et vill gereent huet a schlëmm Donnerweedere waren, senn d’Aaarbichten
um Schoulprojet puer Deeg hannendra geroden. Am Groussen a Ganze geet et ewer gutt
virun.
An dobäi senn ech
beim Thema Weeder.
Zu Madagaskar ginn
et genau wéi hei och 4 Joreszäiten. Speziell ass ewer, dass obwuel iwwerall op
der Insel déi selwischt Joreszäit ass, des sech ewer jee nodeem a wat fir engem
Eck vun der Insel een ass, ganz anescht weist. Während der Reenperiod ass et zu
Antsirabe extrem warem, och wann et mat Eemere reent. An der Drécheperiod ass
et dann hei ganz kal, an, an engem anderen Deel vun der Insel schnuckelig
warem.
Fréijoer mat
Temperaturen zwëscht 20 an 30 Grad ass vum 21.08 bis den 20.10. Wéi iwwerall
ass dat och hei d’Zäit wou d’Natur waakrig gëtt, op de Felder geséint an am
Gaart geplanzt gëtt.
Summer mat
Temperaturen zwëscht 18 an 30 Grad ass vum 21.11 bis den 20.01. Dat ass
d’Reenzäit.
Hierscht ass vum
21.02 bis den 20.04 an d’Temperature se mat 6-10 Grad niddrig. Lo gëtt Uebst a
Geméis gepléckt an d’Saachen vun de Felder ginn erageholl.
Am Wanter vum 31.05 bis den 21.07 senn dann Temperatur
zwëscht 0 a 5 Grad an dat ass fir d’Leit hei richtig kal.
Fir mech
perséinlich ginn et just 2 Joreszäiten. Eng Reenperiod an eng Drécheperiod.
Tempête Tropicale |
Da
gëtt et a verschiddene Géigenden och nach déi mat Recht ganz gefaarten d’Zäit
vun den Tropestierm. Si hu Vitessen zwëscht 63 an 110 Kilometer an der Stonn.
Des kënnen ewer och nach méi héich ginn an da schwëtze mer am Südpazifik vun
engem Zyklon, am Nordpazifik an am Atlantik vun engem Hurrikan an am westlichen
Nordpazifik vun engem Taifun. Dee ka Maximalvitesse vun iwwer 300
Stonnekilometer erreechen. An der nördlicher Hemisphäre dréinen se géint d’Zäre
vun der Auer an, an der südlicher Hemisphäre just deen emgedréinte Wee.
Cyclone Tropicale |
Bei all deene
Stierm kéint ee Moment, wou alles ganz rouig , keent Hurele vum Sturm ze
héiren an den Himmel erëm blo ass. Dëse
Moment ass héichgeféierlich, well ee en
am Ae vum Sturm ass. Et däerf een op kee Fall unhuelen, dass d’Gefor lo eriwwer
ass a rausgouen. Dat ass falsch, well de Sturm ass nit eriwwer a kann all
Moment rem lassgouen. Et muss ee waarden, bis offiziell Entwarnumg ginn ass.
Bei sou schlëmmen Stierm kann de Mieresspiggel klamme wat dann zu staarken
Iwwerschwëmmunge féiert. Dacks fälle Knëppelsténg déi och ganz grousse Schued uriichten. Et ass och
een Tsunami méiglich. Zu Antsirabe stinn all wichtig Gebaier wéi z.B Geméng op
Stelzen. Wann dës Stierm u Land treffen, gëtt hir Kraaft duerch d’Reiwung un
der Äerduewerfläch gebremst an hëlt of.
Dat Ganzt ass
liewensgeféierlich an et muss ee genau wëssen, wéi ee sech verhale muss. Well
ech dat natierlich guer a glat nit
weess, ginn ech, soubal et geféierlich gëtt, méi wäit an d’Land rabruecht a nit
méi an der Geforenzon. Et gëtt gut top mech opgepasst, wat mech och enorm
berouigt.
Lo huet et schon
zënter ongeféier bal zwou Wochen nit méi gereent. D’Stroossen se bei Reen eng
geféierlich Saach, ewer elo wou vill Sand drop läit kee Fatz besser. Et muss ee
beim Fuere gutt oppassen a Gottseidank hunn ech ee Chauffeur dee sech hei op de
Stroossen an hire Geforen auskennt an ech se bei him a gudden Hänn . Vun him
erzielen ech iech di nächste Kéier.
Veloma