Gudde Moien
.
Häerzlech wëllkomm op mengem
Blog. Ech erzielen Iech iwwer meng Erliefnisser als volontaire zu
Madagaskar.Ech soen dem Service de la Jeunesse aus Lëtzebuerg dee mer duerch
seng Hëllef mat de Paperassen dëse Stage mat der ONG EDI Madagaskar erméiglicht
huet een décke Merci.
Ech senn de William, hun 29 Joer, senn éducateur diplomé an animateur
breveté a meng Diplomer se vun der Communauté Française aus der Belge an der
ONE (Office Nationale de l’Enfance) unerkannt.
Dëst ass meng drëtt Rees op
Madagaskar. Déi éischte Kéier am Februar 2018 war ech fir 1,5 Mount als
Benevole zu Antsirabe bei der ONG Mahasoa. Vum November 2018 bis den 10 Januar
2019 war ech dun zu Tuléar am Süde vum Land.
Lo senn ech fir 1 Joer an der klenger Stad Brickaville an, dat wat ech
alles do an, an där Regioun erliewen wëll ech Iech an dësem Blog erzielen.
Am Moment wunnen ech am ganz gemittlichen Hotel Capricorne wou ech ee
grousst Zëmmer hunn. Leider ouni Schaf, ewer ech fanne bestëmmt eng
Méiglichkeet meng Saachen ze verstauen.D’Madame Francine (ass Comptable fir EDI
Madagaskar) an hire Mann hu mech léif empfaang a hu mir eng visite guidée duerch
hir Stad gemaach.Deen éischten Androck war gaanz gutt.
Owes hunnn ech dunn de
Fedelice kennegeléiert, deen zur ONG Mitia Madagaskar gehéiert( ass mat Hëllef
vun der ONG Edi Madagaskar op’Been gestallt ginn a et kéint ee soen dass et déi
kleng Schwësterche wär). Hee këmmert sech ëmt deen éischte grousse Projet vun
EDI Madagaskar,eng Schoul déi zu Ambodivoahangy opgeriicht ginn ass.Deen aneren
Dag huet hee mech hannen op sengem Motorrad mat a säi Büro geholl,wou hee mer
dat Ganzt do erkläert huet.
Ech halen Iech um lafenden a wënschen Iech bis zu mengem nächste
Berichteng schéin Zäit.
Ären Abenteurer William (
traduit en luxembourgeois par Annita)