Manahoana.
Dat ass dat zweet Wuert op madagasisch wat
ech iech léiren..Ech denken,dass der iech alleguerte vierstelle kënnt,dass dat
Moien heescht.Hei gëtt malagassisch geschwaacht, wat ewer keng Sprooch, sondern
een Dialekt ass. An deen ass nit nëmme vu Regioun zu Regioun,ewer och nach vu
Stad zu Stad a vun Duerf zu Duerf total verschidden. Et kann also senn, dass
déi eng vun denen aneren ewerhaapt nit versti ginn.A fir mech wäert et extrem
komplizéiert ginn.
Da schwätzen se gottseidank ewer och nach
franséisch, soss wär ech schéi schlecht drun. A verschiddene Schoule gëtt och
däitsch geléiert. Well ewer nëmmen ee klengen Deel vun de Leit an d’Schoul geet(Schoulpflicht
ass bis 5t Schouljoer), ass et schwierig fir ausserhalb vun de Stéit oder den
Touristenzentren een ze fannen deen eng vun denen zwou Sproochen schwätzt.
Transportmëttelen op Madagaskar senn och
speziel.
*An der Haaptstad fënnt een ouni Problem
Taxien---wäiss/giel 2 CV vu Citroën, ewer et ass gutt méiglich,dass de Motor
vun enger ganz anerer Mark ass.
*Fir vun enger Stad an déi aner ze kommen,
also bei bësse méi groussen Distanzen hëllt een de Bësch-Taxi (taxi-brousse) ouni
ierjendeng Komouditéit.Si hue kee Fahrplang a kee weess eigentlich wéini se
fueren.Dat geschitt éischt wa se voll gelueden oder am léiwsten iwwerluede senn,
a kee Millimeter Plaatz méi iwwrig ass.Also et däerf een weder kriddlisch nach
presséiert senn.Mam Bëschtaxi kann ee souwuel Leit wéi och all aner Saachen
transportéiren.Et gëtt näischt wat een nit mathuelen däerf. Domat ze fueren ass
eent Erliewnis pur a muss een et onbedingt emol matgemeet hunn. Et ginn ewer
och Bëschtaxie mat engem gewësse Komfort. Déi gesi méi chic aus an et fiert ee
vill méi rouig wann een esou een hëllt.Si senn natierlich am deiersten, hunn
ewer ee richtige Fahrplang a mussen déi viergeschriwwe Vitessen anhalen.
Ausserdem musse se regelméissig u Formatiounen deelhuelen. Dee méi héije Präis
ass also an der Rei.
*Sech ee Privatchauffeuren ze huelen, ass
natierlich dat allerbescht an dat allerdéierst. Et gëtt ee mat konfortablen
Jeepe gefouert, déi sou gutt gefeedert senn,dass een nit grad all Lach an der
Strooss spiert.Gleewt mer, et ginn der horrend vill hei.Se fueren egal wat fir
eng Distanz. Ob no oder wäit spillt keng Roll. Mat besse Gléck huet ee souguer
ee Chauffeur dee franséisch kann oder soss eng Sprooch déi mer beherrschen.
Kee vun dëse Verkéiersmëttelen fiert
nuets. Dee schlechten Zoustand vun de
Stroossen ,wär scho Grond genuch, ewer et ginn nach méi schlëmm aner Geforen.An
dat senn d‘ Stroossepiraten , déi haaptsächlich nuets um Dill senn.Et ass wéi
ee Fluch.Wann der also méi wäit fuere musst ,onbedingt drun dénken, dass der ee
Bett fir ze schlofe fand an eppes fir ze eessen dobäi huet. De Präis vum Hotel
oder vun engem Restaurant ass natierlich nit am Präis mat abegraff. Duefir
léiwer viersuergen an léiwer ze fréi stallhalen wéi an d’Nuecht ze fällen. Wel
soss hänkt der fest.
*An de Stéit wimmelt et vun
pousse-poussen.Antsirabe an Tulear hunn déi meeschte registréiert
pousse-poussen a kee weess wéivill illegaler et nach ginn. Antsirabe huet der
500 . Et si Kärercher eng Art Rikscha mat zwee Reeder déi vun enger Persoun
gezunn ginn .Dem Tireur. Si hu Plaatz fir 2 Persounen , se gewéinlich an engem
gudden Zoustand a schéi faarwig ugestrach.
De Gros vun den tireuren ( ech weess kee lëtzeburgischt Wuert duefir) hunn nit
hir eege Käerchen,sondern hu se gelount. Op Madagaskar heeschen se posiposy.Si
lafe mat iech iwwerall hin, an all ‚Eck vun der Stad an dat op direktem
Wee.De Numm kéint vu fréier wou
d’Käerche vun engem Mann hanne gedréckt a
vir gezunn ginn ass. Deen, dee gedréckt huet,huet jo ewer näischt gesinn an
huet misste Gas ginn , wann deen dee gezunn huet:dréck,dréck geruff huet.
Mat de Pousse-poussen oder cyclo-poussen(
Rikscha mat Velo) kann ee Leit a Géigestänn transportéiren.Och gesäit een
dacks, dass d’Kanner domat an d’Schoul gefouert ginn. Mam Präiss ass dat och alt
sou eng Saach.Et gëtt jo direkt als Turist erkannt an da gëtt wéi soss och
iwwerall probéiert deen iwwert d’Ouer ze haen. Ier ee raklëmmt huet ee besser,de Präiss
auszemaachen,soss kann et vierkommen,dass deen iwwert dem Fueren extrem an
d’Luucht gaang ass. .Wann et reent, geet de Präis ëmt dat duebelt an d’Luucht,
wëll duerch ee Reenschutz probéiert gëtt
de Client drëschen ze halen. Tireure vun de pousse-poussen hunn och een
offizielt Dokument woumat se beweise kënnen,dass hir Rikscha registréiert ass.
All Käerchen huet och een Numm an eng nummer déi hannendrop steet.
Et gi verschidde Méiglichkeeten fir op Madagaskar
ze kommen.Am einfachsten ass et natierlich mam Fliger.Der kritt vun de
Stewardessen ee Formulair ausgedeelt, dee musst der korrekt ausfëllen an no der
Landung beim Guichet vun der Douane ofginn. Der kënnt äre Visa ewer och op der
Ambassade oder dem Konsulat ausfëllen.Blöd ass just,dass d’Letzebuerger duefir
mussen op Bréissel fueren. Fro der dee Visa ewer op der Plaatz also op
Madagaskar un,da kascht dat iech 40 Euro.
Ech weesss vun dräi Fluchgesellschafte déi
Madagaskar ufléien .Air France ass zwar déi deierst ewer si bidden een direkte
Fluch un.Ethiopian Airlines ass déi bëllichsten ewer et ass kee vol directe. Och Turquish Airline
mëcht een Zwëschestopp. Dementsprechend dauert et méi laang bis een ukéint.
Bestëmmt ginn et zwar och nach aner Fluchgesellschaften,déi
ech nit kennen. Loosst ech ganz gutt an ärem Reesbüro beroden,wëll et gi grouss
Präisënnerscheeder (vu 600 nis 1200 Euro) zwëschen dennen eenzelnen Airlines.An
och Zäit déi ee bis op d’Insel brauch ass ënnerschiddlich laang.
Lo ee Resumé vu
menger Aarbicht:
Den 30.04 hunn ech de Bréif vun der
Hareler Schoul (Gemeng Uewersauer) zu Manitoba ofginn an de jumelage kann
ulafen. Am Nomëttig war eng Versammlung an der Schoul zu Sahatakoly. De Comité
mat all senge Membren, Léierpersonal, d’Elteren,an déi responsabel vum Staat
waren do. An natierlich Tuteur de Juvenal an ech.Ouni deen, ginn ech nach nit
sou gutt eens.
Den 1te Mee, deen hei kee Feierdag ass
senn ech zréck op Manambato gefeuer ,wou déi éischt Kantin vu mengem Projet an
enger Schoul gebaut gëtt. .Ech hunn do mam Chef vum Schantje geschwaacht an
hunn mech duerno um Büro ëmt deen administrativen Deel bekëmmert.
Den 2.05 hat ech eng Versammlung mat den
Elteren,dem Comité, der Diectice an dem Léierpersonal vu Manambato . De Juvenal
huet leider nit konnte matgouen an ech war déck frou,dass sech een Iwwersetzer
ëmt mech bekëmmert huet.Um 14:00 hunn ech de Chef vu CISCO ( se fir d’Schoulen am Distrikt Brickaville
zoustännig) gesinn a mat him iwwert a Stand setze vun enger verlossener Schoul
zu Vohatrinvona geschwaacht.Ech hu se voll iwwerzeecht an den Dag drop hunn ech
déi schrëftlich Erlabnis kritt fir d’Gebäi ze renovéiren. Eenzig Konditioun
ass, dass do ee Klassesal muss dro kommen. Dat ass op jidde Fall kee Problem.
Et senn emmer eng heedewull vu Pabeiren an
d’Rei ze maachen,wat lo nit sou interessant ass.
Ech waarde lo mol of bis d’Kanner aus de
communes jumelées sech Breiwer schécken an dann erzielen ech iech nach aner
Saachen. Kann dat lo nit maachen, wëll d’lëtzebuerger Kanner dësen Artikel
vläicht lesen an dann an hire Bréiwer ausplättele wat nach geplangt ass .
Bis elo ass alles paletti an ech se frou
fir ze hëllefen , dass sou ee wichtige Projet op d’Been gestallt ka ginn.An nit
nëmmen dësen, sonder och nach …………………….. ah neen, dat erzielen ech iech lo nach
nit.
Wann der nach eppes wësse wëllt, egal ob
dat iwwer de Projet,d’Insel oder soss eppes ass, kënn der mech gäre
kontaktéiren an ech maache mäi Bescht fir alles sou gutt wéi méiglich ze
beäntweren.
Fir mech se Saache klor, wat fir iech ewer
nit onbedingt de Fall muss senn, oder ech hunn eppes nit sou gutt erkläert.
Egal wat et ass, ech se prettt är Froen ze
beäntweren an Erklärungen ze ginn.
Bis déi nächst Woch.
Veloma.