mercredi 8 mai 2019

Drëten woch


Manahoana.

Dat ass dat zweet Wuert op madagasisch wat ech iech léiren..Ech denken,dass der iech alleguerte vierstelle kënnt,dass dat Moien heescht.Hei gëtt malagassisch geschwaacht, wat ewer keng Sprooch, sondern een Dialekt ass. An deen ass nit nëmme vu Regioun zu Regioun,ewer och nach vu Stad zu Stad a vun Duerf zu Duerf total verschidden. Et kann also senn, dass déi eng vun denen aneren ewerhaapt nit versti ginn.A fir mech wäert et extrem komplizéiert ginn.

Da schwätzen se gottseidank ewer och nach franséisch, soss wär ech schéi schlecht drun. A verschiddene Schoule gëtt och däitsch geléiert. Well ewer nëmmen ee klengen Deel vun de Leit an d’Schoul geet(Schoulpflicht ass bis 5t Schouljoer), ass et schwierig fir ausserhalb vun de Stéit oder den Touristenzentren een ze fannen deen eng vun denen zwou Sproochen schwätzt.

Transportmëttelen op Madagaskar senn och speziel.
*An der Haaptstad fënnt een ouni Problem Taxien---wäiss/giel 2 CV vu Citroën, ewer et ass gutt méiglich,dass de Motor vun enger ganz anerer Mark ass.
*Fir vun enger Stad an déi aner ze kommen, also bei bësse méi groussen Distanzen hëllt een de Bësch-Taxi (taxi-brousse) ouni ierjendeng Komouditéit.Si hue kee Fahrplang a kee weess eigentlich wéini se fueren.Dat geschitt éischt wa se voll gelueden oder am léiwsten iwwerluede senn, a kee Millimeter Plaatz méi iwwrig ass.Also et däerf een weder kriddlisch nach presséiert senn.Mam Bëschtaxi kann ee souwuel Leit wéi och all aner Saachen transportéiren.Et gëtt näischt wat een nit mathuelen däerf. Domat ze fueren ass eent Erliewnis pur a muss een et onbedingt emol matgemeet hunn. Et ginn ewer och Bëschtaxie mat engem gewësse Komfort. Déi gesi méi chic aus an et fiert ee vill méi rouig wann een esou een hëllt.Si senn natierlich am deiersten, hunn ewer ee richtige Fahrplang a mussen déi viergeschriwwe Vitessen anhalen. Ausserdem musse se regelméissig u Formatiounen deelhuelen. Dee méi héije Präis ass also an der Rei.

*Sech ee Privatchauffeuren ze huelen, ass natierlich dat allerbescht an dat allerdéierst. Et gëtt ee mat konfortablen Jeepe gefouert, déi sou gutt gefeedert senn,dass een nit grad all Lach an der Strooss spiert.Gleewt mer, et ginn der horrend vill hei.Se fueren egal wat fir eng Distanz. Ob no oder wäit spillt keng Roll. Mat besse Gléck huet ee souguer ee Chauffeur dee franséisch kann oder soss eng Sprooch déi mer beherrschen.

Kee vun dëse Verkéiersmëttelen fiert nuets. Dee schlechten  Zoustand vun de Stroossen ,wär scho Grond genuch, ewer et ginn nach méi schlëmm aner Geforen.An dat senn d‘ Stroossepiraten , déi haaptsächlich nuets um Dill senn.Et ass wéi ee Fluch.Wann der also méi wäit fuere musst ,onbedingt drun dénken, dass der ee Bett fir ze schlofe fand an eppes fir ze eessen dobäi huet. De Präis vum Hotel oder vun engem Restaurant ass natierlich nit am Präis mat abegraff. Duefir léiwer viersuergen an léiwer ze fréi stallhalen wéi an d’Nuecht ze fällen. Wel soss hänkt der fest.

*An de Stéit wimmelt et vun pousse-poussen.Antsirabe an Tulear hunn déi meeschte registréiert pousse-poussen a kee weess wéivill illegaler et nach ginn. Antsirabe huet der 500 . Et si Kärercher eng Art Rikscha mat zwee Reeder déi vun enger Persoun gezunn ginn .Dem Tireur. Si hu Plaatz fir 2 Persounen , se gewéinlich an engem gudden Zoustand a schéi faarwig  ugestrach. De Gros vun den tireuren ( ech weess kee lëtzeburgischt Wuert duefir) hunn nit hir eege Käerchen,sondern hu se gelount. Op Madagaskar heeschen se posiposy.Si lafe mat iech iwwerall hin, an all ‚Eck vun der Stad an dat op direktem Wee.De  Numm kéint vu fréier wou d’Käerche vun engem Mann hanne gedréckt  a vir gezunn ginn ass. Deen, dee gedréckt huet,huet jo ewer näischt gesinn an huet misste Gas ginn , wann deen dee gezunn huet:dréck,dréck geruff huet.

Mat de Pousse-poussen oder cyclo-poussen( Rikscha mat Velo) kann ee Leit a Géigestänn transportéiren.Och gesäit een dacks, dass d’Kanner domat an d’Schoul gefouert ginn. Mam Präiss ass dat och alt sou eng Saach.Et gëtt jo direkt als Turist erkannt an da gëtt wéi soss och iwwerall probéiert deen iwwert d’Ouer ze haen.  Ier ee raklëmmt huet ee besser,de Präiss auszemaachen,soss kann et vierkommen,dass deen iwwert dem Fueren extrem an d’Luucht gaang ass. .Wann et reent, geet de Präis ëmt dat duebelt an d’Luucht, wëll duerch ee Reenschutz probéiert gëtt  de Client drëschen ze halen. Tireure vun de pousse-poussen hunn och een offizielt Dokument woumat se beweise kënnen,dass hir Rikscha registréiert ass. All Käerchen huet och een Numm an eng nummer déi hannendrop steet.

Et  gi verschidde Méiglichkeeten fir op Madagaskar ze kommen.Am einfachsten ass et natierlich mam Fliger.Der kritt vun de Stewardessen ee Formulair ausgedeelt, dee musst der korrekt ausfëllen an no der Landung beim Guichet vun der Douane ofginn. Der kënnt äre Visa ewer och op der Ambassade oder dem Konsulat ausfëllen.Blöd ass just,dass d’Letzebuerger duefir mussen op Bréissel fueren. Fro der dee Visa ewer op der Plaatz also op Madagaskar un,da kascht dat iech 40 Euro.

Ech weesss vun dräi Fluchgesellschafte déi Madagaskar ufléien .Air France ass zwar déi deierst ewer si bidden een direkte Fluch un.Ethiopian Airlines ass déi bëllichsten ewer et  ass kee vol directe. Och Turquish Airline mëcht een Zwëschestopp. Dementsprechend dauert et méi laang bis een ukéint.

Bestëmmt ginn et zwar och nach aner Fluchgesellschaften,déi ech nit kennen. Loosst ech ganz gutt an ärem Reesbüro beroden,wëll et gi grouss Präisënnerscheeder (vu 600 nis 1200 Euro) zwëschen dennen eenzelnen Airlines.An och Zäit déi ee bis op d’Insel brauch ass ënnerschiddlich laang.

Lo ee Resumé vu menger Aarbicht:
Den 30.04 hunn ech de Bréif vun der Hareler Schoul (Gemeng Uewersauer) zu Manitoba ofginn an de jumelage kann ulafen. Am Nomëttig war eng Versammlung an der Schoul zu Sahatakoly. De Comité mat all senge Membren, Léierpersonal, d’Elteren,an déi responsabel vum Staat waren do. An natierlich Tuteur de Juvenal an ech.Ouni deen, ginn ech nach nit sou gutt eens.

Den 1te Mee, deen hei kee Feierdag ass senn ech zréck op Manambato gefeuer ,wou déi éischt Kantin vu mengem Projet an enger Schoul gebaut gëtt. .Ech hunn do mam Chef vum Schantje geschwaacht an hunn  mech duerno um Büro ëmt deen  administrativen Deel bekëmmert.

Den 2.05 hat ech eng Versammlung mat den Elteren,dem Comité, der Diectice an dem Léierpersonal vu Manambato . De Juvenal huet leider nit konnte matgouen an ech war déck frou,dass sech een Iwwersetzer ëmt mech bekëmmert huet.Um 14:00 hunn ech de Chef vu CISCO (  se fir d’Schoulen am Distrikt Brickaville zoustännig) gesinn a mat him iwwert a Stand setze vun enger verlossener Schoul zu Vohatrinvona geschwaacht.Ech hu se voll iwwerzeecht an den Dag drop hunn ech déi schrëftlich Erlabnis kritt fir d’Gebäi ze renovéiren. Eenzig Konditioun ass, dass do ee Klassesal muss dro kommen. Dat ass op jidde Fall kee Problem.

Et senn emmer eng heedewull vu Pabeiren an d’Rei ze maachen,wat lo nit sou interessant ass.
Ech waarde lo mol of bis d’Kanner aus de communes jumelées sech Breiwer schécken an dann erzielen ech iech nach aner Saachen. Kann dat lo nit maachen, wëll d’lëtzebuerger Kanner dësen Artikel vläicht lesen an dann an hire Bréiwer ausplättele wat nach geplangt ass .
Bis elo ass alles paletti an ech se frou fir ze hëllefen , dass sou ee wichtige Projet op d’Been gestallt ka ginn.An nit nëmmen dësen, sonder och nach …………………….. ah neen, dat erzielen ech iech lo nach nit.

Wann der nach eppes wësse wëllt, egal ob dat iwwer de Projet,d’Insel oder soss eppes ass, kënn der mech gäre kontaktéiren an ech maache mäi Bescht fir alles sou gutt wéi méiglich ze beäntweren.

Fir mech se Saache klor, wat fir iech ewer nit onbedingt de Fall muss senn, oder ech hunn eppes nit sou gutt erkläert.

Egal wat et ass, ech se prettt är Froen ze beäntweren an Erklärungen ze ginn.
Bis déi nächst Woch.

Veloma.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire