Zweet Woch.
No den
Ouschterdeeg hunn ech lues ewer sécher mat schaffen ugefong.Vill administrative
Saache stungen um Programm: Nokucke vun den Akltivitéitsfichen a vun de
Pabeiren déi ech brauch fir mäi Laangzäitvisum unzefroen, deen zu Madagaskar
gefrot ass.
Madagaskar ass eng
Insel déi am indischen Ozean virun der Südküst vu Mozambique läit. Si ass mat
587295 qkm 227 mol méi grouss wéi Lëtzebuerg a gehéiert zu denen 10 gréissten
Insele weltwäit. Leider gehéiert Madagaskar och zu denen äermste Länner vun der
Welt a steet am Ranking do op der véierter Plaatz ( 25 Länner senn do
klassifizéiert). Op der Lescht vun de korrupte Länner steet et och ganz uewen
an den neie Präsiden , den Andry Rajoelina wäert all Méi hunn, dogéint
unzekämpfen. Trotz internationalen Hëllefen an ONG senn 3,68% vun de Kanner ënnerernäert
a leide batteren Honger. Apaart schlëmm ass et am Süde vum Land, wou et
ausserhalb vun der Reenperiod praktisch
nit reent an duefir de Buedem extrem dréchen ass. 70% vun de Madegasse liewen ënnerhalb
der Aaarmutsgrenz.
Madagaskar gëtt
och nach déi „rout Insel“ genannt. De Buedem huet souguer wann en naass ass
nach eng rout Faarf. Vill Häiser,déi ech zu Antsirabe gesinn hunn, se rout, wëll
se mat Zille vun deem Buedem gebaut senn.
Vill vun iech
kennen bestëmmt de King Julian aus dem Animatiounsfilm Madagaskar. Ee Lemur a
gehéiert zu der Aart vun Déiren, déi et just op Madagaskar ginn. Ewéi ca 90 %
vun den Déiren, déi hei liewen. Momentan senn 33 Aarte vu Lemuren
klassifizéiert, an iwwer verschidden Aarte senn d’Wëssenschaftler sech nach nit
eenig. De bekannteste Lemur ass den Maki Tata , deen och nach Maki Kata genannt
gëtt. Iwwersat heescht dat“Sonnenubieder“. Wa moies déi éischt Sonnestralen ze
gesi senn, se se op de Been a sonne sech. Ier d’d’Franzousen d’Insel iwwerholl
hunn, senn et vill méi Aarte vu Lemure ginn,och där, déi sou grouss wéi eent 8 jäerigt Kand waren. Duerch
Wëlderei an d’Ofbrenne vun de Bëscher si se a Gefor fir auszestierwen. Wann
näischt zu hirem Schutz gemeet gëtt, kann et senn, dass mer se an der Zukunft
just nach am Zoo gesinn.
Petits liens intéressant à lire. Rester critique et
lisez d’autre articles
https://mobile.francetvinfo.fr/monde/afrique/societe-africaine/madagascar-lemuriens-et-bois-precieux-symboles-de-l-ile-sont-la-proie-de-braconniers-et-de-bucherons_3411395.html#xtref=https://www.google.com/
Een Déier wat et
och just op Madagaskar gëtt, ass de Fossa, eng Raubkaatz an den natierliche
Feind vun de Lemuren. Et ass dat eenzigt fleeschfriessend Déier wat hei ze
fannen ass. Natierlich ginn et och Schlaangen,Chamäleonen, Reptilien an
natierlich Vullen. Ech verspriechen iech alles ze probéiren,fir Photoe vun deenen
exotischen Déiren ze maachen.
D’Geschicht vu
Madagaskar ass nit mat där vun der Ile de la Reunion oder Mauritius ze vergläichen.
Madagaskar war ee Kinniksräich an ass et schon emmer ginn. D‘Madegassen haten
et fäerdigbruecht fir d’Englänner zréck an d’Mier ze dreiwen an och bei de
Franzousen ass et hinne gelong bis déi een Handelsposten am Norde vun der Insel
opgebaut hunn.Vun 1890 senn se eng
Kolonie vu Frankräich. Natierlich hat d’Insel dunn och kee Kinnik méi. De
Palais vun der Kinnigin (Tana) kann een nach an der Haaptstad Antanaviro gesinn.
De marokkanische
Kinnik de Mohamed V war zu Antsirabe am Exil. Anscheinend wéinst den Thermen.
Leider hat heen ewer nit beduecht, dass d’Klima do alles anescht wéi tropisch
oder warem ass. Et ass éischter mam lëtzebuergischem oder belschem Klima ze
vergläichen. Et schingt him trotzdem gutt do gefall ze hunn, well Marokko a
Madagaskar hunn och haut nach ee ganz gudden Drot zoueneen.
Lo erzielen ech
iech eppes iwwer d’Ofbrenne vun de Bëscher. Dest gëtt ganz vill gemeet,
obschons et vum Staat streng verbueden ass. Vun enger Parzell ginn d’Beem geha
an da kontrolléiert verbrannt, firfruchtbare Buedem ze kréien. Des Technique
klappt ewer natierlich nit ëmmer, de Brand geréit ausser Kontroll an et gëtt
vill méi verbrannt wéi geplangt war. Wärend 2 Joer kann op dësem Buedem mat engem gudde Resultat
ugeplanzt ginn, da gëtt e wärend 4 bis 6 Joer brooch leie geloss an dat Ganzt
geet rem vu vir un. No 2 oder 3 Perioden ass de Buedem steril, dat heescht heen
huet keng Näerstoffer méi an ass zu näischt méi ze gebrauchen. Also gëtt dat
selwischt op enger anerer Plaatz gemeet.ONG an Vahas (de Numm fir d’Auslänner)
déi op Madagaskar liewen, versichen Opklärungsaarbicht ze maachen an de Leit
vun aneren a besseren Techniken ze erzielen a virun allem ze iwwerzeegen.Esouguer
Länner wéi Japan ennerstëtzen dëse Projet fir d’Erhale vun de Bëscher. Vahas
planzen op hiren Terraien Joer fir Joer Uebstbeem an d’Leit aus den Dierfer
kënnen d‘Uebst plécken a verwäerten. Dat alles gratis.
Lo bessen zu
mengem Projet. Ech hu vun der Ouschtervakanz nit vill gespuert an hu se genotzt
fir Héiflichkeetsbesich ze maachen. Fir d‘éischt wollt ech dem Buergermeeschter
vu Brickaville moie soe gouen, deen ewer nit do war an duerch ee
Stellvertrieder ersat ginn ass. Heen huet sech ëmt Wale vun den Deputéierte
misste bekëmmeren.Och der responabeler Organisatioun fir d’Schoulen a Bildung
(CISCO) war ech moie soen a se vum Finanzminister empfaang ginn. Ech brauch hir
Erlaabnis fir an d’Schoulen däerfen ze gouen an hoffen, dass ech och an eent
oder dat anert Reservat gouen däerf fir mäi Projet vierzestellen. Duerno senn
ech , oder besser gesot wollt ech mat mengem Tuteur bei de Chef vum Distrikt
gouen, deen natierlich och nit do war. Ewer den Direktor vu Manambabo war do an
huet mat mer geschwaacht. Hei ass déi alleréischte Schoul déi eng Kantin gebaut
kritt, an de Schantje fänkt den 30.04 un
(misst lo also am Gaang senn) .Duerno war ech op Sahatakoly wou ech der
Direktrice vun hirer Schoul vu mengem Projet, mengen Ideeën a Pläng erzielt
hunn.
Een éischt
Resultat hunn ech schon Opweises a senn och déck stolz drop. Eng Klass aus
Manambato mëcht ee Jumelage mat enger Schoulklass vun Harel an eng Klass vu
Sahatakoly deet sech zesumme mat enger Klass vu Kietscht. ONG EDI Madagaskar
huet mer versprach, dass dese Projet och nach virugefouert gëtt wa mäint Joer
als Benevole riwwer ass.
Ech soe lo scho
mol all deene Merci, déi mech ënnerstëtzt hunn.
Et gëtt nach
souvill ze erzielen,ewer dat halen ech mer fir déi nächste Kéier.
Bis dann. ( je ne publierai pas de phots des enfants )
Veloma ( sou soen
se hei fir äddi)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire